FËSCHBECH - SCHOUS - ANGSBREG
Den Theaterveräin Fëschbech – Schous – Angsbreg ass den 11. Mäerz 1964 gegrënnt ginn a besteet elo scho méi wéi 60 Joer.
Mir hunn et fäerdeg bruecht bal all Joer en neit Stéck virzebereeden, wou jidderee säin Talent a seng Kreativitéit kann abréngen. Dëss Traditioun ass nëmme méiglech, well vill Leit eis ëmmer erëm gehollef an ënnerstëtzt hunn. Esou hu mir iwwer sou vill Joerzéngten Erfolleg an hunn zesummen vill flott Momenter erliewt.
Mir sinn eng lëschteg Amateur-Theatergrupp, déi vill Freed a Passioun um Spill huet. Eist Zil ass et, de Leit schéi Momenter ze bidden a si zum Laachen ze bréngen.
Wéi den 11. Mäerz 1964 de Veräin gegrënnt ginn ass, haten d’Memberen hieren éischten Optrëtt schon hannert sech. An zwar gouwen den 2. Februar 1964, zwee Stécker opgefouert: ‚E Skandal am Weekend-Häischen‘ an ‚Och eemol Barong‘,
2025 Verstoppten Tatsaachen (Orginaltitel: Ficus fatale)
2024 Keng Plaz fir esou Tricken
2023 Déi Al ass zéi
2020 Dëss Kéier emol eppes mat Niveau
2019 Kaviar oder Kniddelen
2018 Chaotesch Zoustänn
2017 Wien ass dann elo d’Braut?
2014 Tom, Pitt an Hary
2013 De Säitespronk
2012 E Liewen op Staatskäschten
2011 2 Häerzer fir 1 Taxi
2010 D’Zëmmer vun der Aphrodite
2009 Verlugene Pak
2008 D’Bom schléit zou
2007 Der Tata Sidonie hiere Kouhandel
2006 De schéine Poli
2005 Wat der Owend méi spéit
2003 Steeräich
2002 E léiwe Granzkapp
2001 Den Hennesowend
2000 Gutt bedéngt
1999 Um Land
1998 E gemittleche Weekend
1997 Kee Problem, oh déi Kanner
1996 Sief dach nët esou domm
1995 Alles wéi keng Engelen
1993 Geld regéiert d’Welt
1992 Déi falsch Nies
1991 Den Hallodri
1990 En deckt Déier
1989 De Kichekueder
1988 Nach eemol e Lausbouf sinn
1987 De 7. Bouf
1986 Déi dräi Äisbieren
1985 Gudde Nuecht Här Buchholz
1984 Zréckuerdeg
Et geet besser wéi ee mengt
1983 D’Excellenz
De Geescht an der Mielkescht
En Teschtament
1982 De bloe Méindeg
D’Mumm Séiss
1981 D’Spill vun der Bidden
De russesche Grof
1980 Eng lëschteg Himmelfahrt
1979 Den Här Schrobildgen
1978 Olympiad 1978
Esou kënnt een op den Hond
1977 3 ass gëttlech
Gléck um Schléiwenhaff
1976 Hei-elei Kuck-elei
Oh, déi Maansleit
1975 De Rettungsschwëmmer
1974 D’Firma Jolisbois
De Ligepol
1973 Ech laache mech futti
1972 De Kollisknäpchen
D’Tata Liss vu Valauris
1971 Den dausend Frang Schäin
De Champion
Mir spären zou, dann ass keen do
1970 E gudd Reméid
1969 D‘ Meedche vu Goetzen
1965 Heihin- dohin
1965 De gëllenen Hochzäitshues
1964 D’Madame ass jalous
De Menschefriesser
Den neie Fierschter